arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jonk Autofuerer méi responsabel wéi déi eeler  

ACL

|
reading time

2 min

Jonk Autofuerer méi responsabel wéi déi eeler  

Den Automobilclub huet zesumme mam europäesche Konsumenteschutz an der Lëtzebuerger Generaldirektioun vum Konsumenteschutz eng Etude mat 6.300 Automobiliste gemaach. D’Resultat weist, datt vill Chauffeuren sech geféierlech am Stroosseverkéier verhalen.

reading time

2 min

Automobilisten ënner 36 Joer benotzen de Smartphone méi heefeg wärend dem Fueren, wéi déi iwwer 71 Joer.  | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Automobilisten ënner 36 Joer benotzen de Smartphone méi heefeg wärend dem Fueren, wéi déi iwwer 71 Joer. (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

D’Etude hätt zwar gewisen, datt ronn 96 Prozent vun den Automobilisten de Sécherheetsgurt systematesch benotzen, ma a Saachen Telefon, Vitess an Aggressivitéit gesinn d’Resultater net esou gutt aus.

Jonk méi um Handy wéi déi eeler

Ronn 17 Prozent vun den Automobiliste soen, datt si alt mol Messagë vum Handy aus wärend dem Fuere schreiwen a 5 Prozent maachen dat esouguer dacks. 12 Prozent telefonéieren dacks an 8 Prozent bal ëmmer iwwer de Lautsprecher am Auto.

D’Benotze vum Telefon wärend dem fueren, erhéicht de Risiko vun Accidenter ëm 62 Prozent, esou den ACL.

Ze héich Vitesse sinn ee vun dräi Haaptprinzippie fir Accidenter. Der Etude no fueren iwwer 30 Prozent vun de Befroten ze séier (22,8 Prozent “heiansdo ze séier” a 7,2 Prozent “dacks ze séier”).

D’Analyse weist, datt ze héich Vitess de Risiko vun Accidenter ëm 52 Prozent erhéicht.

Alkohol um Steier: Méi Männer wéi Fraen

E Fënneftel vun de Befroten huet zouginn, sech alt emol aggressiv vis à vis vun aneren Automobilisten ze weisen.

32 Prozent vun de Befroten si scho mol gefuer, obwuel si ze vill Alkohol gedronk haten. Heibäi si Männer méi risikobereet wéi Fraen.

Hei sinn déi jonk Automobilisten (18-36 Joer) méi verstänneg wéi déi eeler. Méi wéi 80 Prozent hunn uginn, ni bedronk Auto ze fueren.

Bal een Accident op all zweete Chauffer

A Saachen Accidenter sinn déi jonk Autofueren (jeunes conducteurs) méi dacks betraff. Dat kéint un engem Mangel un Erfarung leien, esou den ACL.

Déi meescht Accidenter erweisen sech allerdéngs als “net schlëmm”. 14 Prozent feieren zu Verletzungen an nëmmen 0,2 Prozent ginn déidlech aus.