“For Who The Bell Tolls For” ass de grousse Retour vum Jonathan Rado als Solokënschtler. Zéng Joer ass et hier, datt de Virgänger eraus koum. Mee de Rado ass net nëmme solo ënnerwee. Et kennt een hie villäicht och nach als een Deel vum äusserst erfollegräichen Indierockduo Foxygen. Doniewent huet de kalifornesche Museker sech och een Numm als Produzent gemaach a souz scho fir Acts ewéi Father John Misty, Weyes Blood, Alex Cameron oder och The Killers hannert dem Mëschpult.
Keng Trauerschnulzen
Den Hannergrond vum néien Album ass awer zimmlech tragesch, et ass nämlech dem Rado seng Manéier fir den Dout vun zwee ganz gudde Kolleegen an Artisten ze verdauen. “For Who The Bell Tolls For” ass een Trauer- oder Tributealbum, awer kee gewéinlechen.
De Rado verzicht bewosst op Tréinen a setzt virun allem dorop, d’Liewe vu senge Frënn Richard Swift an Danny Lacy ze zelebréieren. Wéi et an der Albumbeschréiwung ze liesen ass, soll den Disk virun allem humorvoll sinn. Datt hei net op Trauerschnulze gesat gëtt weist zum Beispill de Song “Easier”.
De saloon-aartege Piano hei schaaft eng ganz erfreelech Stëmmung, mee d’Trauregkeet an de Verloscht, déi stiechen an de Lyrics, wann de Rado doriwwer séngt, wéi hie Moies erwächt an déi aner Persoun einfach net méi do ass. “Easier” ass eng Zort Hommage un de Museker Richard Swift, deem de Rado vill verdankt an deen de kreative Prozess fir hien eben “easier” gemaach huet.
Ee maximalisteschen Usaz
Glam-Rock an Dreampop Aflëss dominéieren um Album, mee et gëtt och jazzeg Drums a psychedelesch Synthesizer, alles insgesamt awer net grad dat wat ee mat engem Trauerdisk géing verbannen. Eng Exceptioun ass do de leschte Song, deen dann och sënngeméiss den Titel “Yer Funeral” dréit. Et ass een instrumentaalt Stéck, dat vun enger elektronescher Uergel gedroe gëtt an ouni vill Tamtam direkt ënnert d’Haut geet.
De Jonathan Rado wielt um Album ee maximalisteschen Usaz, paakt ganz vill Elementer, Instrumenter a Stëmmungslaagen an d’Songs, villäicht ass een dofir och ganz frou, wann et zum Schluss méi meditativ a minimalistesch gëtt. Insgesamt beweist den Jonathan Rado op dësem Album, wéi vill Liewen an der Trauer stieche kann.