Dobäi hat hie seng Vizepresidentin Kamala Harris gemengt. Dem Biden seng gesondheetlech a mental Form war e grousst Theema bei dësem Sommet.
De fréiere President Donald Trump krut gëschter iwwerdeems Besuch vum ungaresche Premier Victor Orban, deem säi Land aktuell d'EU-Presidence huet. Den Orban ass nom NATO-Sommet a Florida gereest. Et wier eng Friddensmissioun, huet den Orban op X geschriwwen. Den Donald Trump géif d'Léisung fannen, esou de Orban, dee fréizäiteg den NATO-Sommet Richtung Florida verlooss huet.