Lëtzebuerg mam gréissten Gender-Pension-Gap an der EU
Virun allem betount JIF, datt et zu Lëtzebuerg de gréisste Gender-Pension-Gap an der EU gëtt. Hei am Land hätten d'Fraen zejoert an der Moyenne 36 Prozent manner Pensioun gehat wéi d’Männer.
Hei fuerdert d'Plattform eng progressiv Pensiounsreform an eng Erhéijung vun der Mindestrent. Dozou seet d'Milena Steinmetzer vun der Plattform JIF:
“Den Gender Pension Gap ass natierlech doduerch bedéngt, dass mer Interruptions de carrièren hunn, dass mer manner Salairën hunn, dass mer Temps partielen hunn, déi bei de Frae méi héich si wéi bei de Männer."
Fir den Gender Pay Gap ze reduzéieren, missten an der Aarbechtswelt Saache geännert ginn. Beispillsweis bräicht et eng Aarbechtszäitverkierzung mat Lounausgläich, souwuel fir Frae wéi och fir Männer.
Weider bräicht et och eng Steierreform, déi eng individuell Besteierung virgesäit. Ausschlaggebend dofir sollten d'Kanner en charge sinn, an net de Bezéiungsstatus, esou nach d'Milena Steinmetzer.
Nach ëmmer Ongläichheeten an der Gesondheetsversuergung
Weider kritiséiert d'Plattform, datt et nach ëmmer Ongläichheeten an der Gesondheetsversuergung gëtt. Vill geschlechtsspezifesch Krankheete géifen dacks onerkannt an onbehandelt bleiwen, well net genuch an d’Fuerschung investéiert géif ginn.
JIF fuerdert an deem Kontext ënner anerem d'Aféiere vun enger universeller Krankeversécherung, mat dem flächendeckenden Prinzip vum Tiers payant. Dat, fir all d'Persounen, déi zu Lëtzebuerg liewen oder schaffen.
Dës Mesurë géifen alle Geschlechter ze gutt kommen, mee virun allem de Fraen, déi iwwerproportional vun de finanziellen a strukturelle Barriären am Gesondheetssystem betraff wieren, sou d’LSAP-Politikerin Maxime Miltgen.
Bis haut géife sechs Mol méi Fraen an Deelzäit schaffen wéi Männer. Dobäi géif kommen, datt 83% vun den elengerzéienden Elteren, Frae sinn, sou nach d'Maxime Miltgen.
"Si bekëmmeren sech also och ëm d'Versuergung vun de Kanner an de meeschte Fäll. Si iwwerhuelen duebel sou vill Care-Aarbecht wéi d'Männer. Gläichzäiteg musse si och méi de Gesondheetssystem an Usproch huelen, well si méi oft bei de Gynekolog musse goen. Oder well si d'Virsuerg bei enger Schwangerschaft, hirer Verhütung oder Menstruatiounsproduite bezuele mussen."
Fir den internationale Fraendag um 8. Mäerz organiséiert JIF d'”Marche feministe”, mat Depart um 15 Auer mëttes op der Paräisser Plaz an der Stad.
