D'nächst Woch spillt d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären hir zwee éischt Matcher am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2026. D'Géigner sinn do fir d'éischt Nordirland, den nächsten Donneschdeg, an dann dräi Deeg drop d'Slowakei. Béid Matcher ginn am Stade de Luxembourg gespillt.
Stéchwuert "séier"
Et wäerten déi éischt Matcher ginn ënner der Responsabilitéit vum neien Nationaltrainer Jeff Strasser. Deen huet gëschter um Donneschdeg d’Nimm vun den 23 Spiller bekannt ginn, déi hie fir seng zwou éischt Partie selektionéiert huet.
Do virdru waren et intensiv Deeg fir den Ex-Nationalspiller, wéi hien am 100,7-Interview gesot huet.
"Déi Woch, déi war ganz aarbechtsintensiv, well am Fong ass een an d’kaalt Waasser geheit ginn ass an och en neie Staf éischtens emol forméiert ginn ass. Déi zweet Saach ass, et muss ee sech och un deen een oder anere gewinnen, matenee schaffen. Wéi baut een dat op? Wéi geet een dat un?"
Dobäi kéim d’Analys vum Géigner a vum eegene Kader: Wéi eng Spiller kréie wéi vill Spillzäit an hire Clibb. Wéi fit si se? Positiv eraushiewen deet de Jeff Strasser d’Ënnerstëtzung vun der Federatioun. Vu Virdeel ass natierlech, datt de Jeff Strasser schonn den een oder aneren innerhalb vun der Federatioun kennt.
D’Stéchwuert fir de Jeff Strasser ass “séier”: De Kader huet séier missten zesummegestallt ginn, an och d’Preparatioun vum Match wäert séier oflafen. Zwou bis dräi Trainingseeneete gesäit de Jeff Strasser vir.
Monnerecher Fussballschoul investéiert vill
Ee Schock bei der éischter Kadernominéierung vum Jeff Strasser ass et awer ginn: Dat Lëtzebuerger Top-Talent Brian Madjo huet eng Nominatioun ofgeleent. De réischt 16 Joer ale Stiermer huet viru Kuerzem e Profikontrakt beim FC Metz ënnerschriwwen.
Eng Enttäuschung, net nëmme fir den Trainer, mee och fir déi ganz Federatioun, déi vill an d’Ausbildung vum Nowuess investéiert. An awer gëtt et dono keng Garantie, datt déi Spiller mat e puer Nationalitéiten och effektiv um ieweschten Niveau fir Lëtzebuerg oplafe wäerten.
Dem Jeff Strasser no wäerte mat Sécherheet elo e puer “Saache gekläert ginn”. Och mam FLF-Jurist Marc Diederich.
"Wat fir e legale Kader kann ee vläicht iergendwann festleeën, dass een esou Saache kann evitéieren. Woubäi mat all de Reglementer, wou et ginn, sief et um FIFA oder UEFA-Niveau, sief et am Aarbechtsrecht an am Nationalitéitsrecht."
Dem Ex-Gladbach-Profi ass och kloer, datt Lëtzebuerg duerch säi multinationale Charakter an enger spezieller Situatioun ass. Trotzdeem dierft een net vergiessen, wat fir een Invest et ass, jonk Spiller zu Monnerech an der Fussballschoul auszebilden. Wann een dann esou e Spiller wéi de Brian Madjo verléiert, géing dat "wéidoen", seet de Jeff Strasser.
Wéi et elo mam jonke Stiermer viru geet, misst ee gesinn.
Onsécherheet beim Anthony Moris wéinst neier Liewenssituatioun
Nach ëmmer dobäi ass awer den Nationalgolkipp Anthony Moris. De Jeff Strasser krut de 35 Joer ale Spiller iwwerzeegt, seng Nationalekippskarriär nach net op en Enn ze bréngen. No sengem Wiessel a Saudi-Arabien huet den Anthony Moris nämlech genau doriwwer nogeduecht, fir méi Zäit mat der Famill kënnen ze verbréngen.
A ville Gespréicher mam Ex-Kapitän vun der Union Saint-Gilloise wier erauskomm, datt hien ni d’Loscht um Fussballspille verluer hätt, mee datt et éischter eng gewëssen Angscht par rapport zu senger neier Liewenssituatioun wier.
"Wéi gesäit d'Liewen aus, wann ech vläicht an der Nationalekipp sinn a meng Famill ass eleng. Déi huet sech awer nach net hei agelieft. Mir schwätzen hei iwwer menger Mengen no eng kuerzfristeg Entscheedung vun engem Moment, wou eebe vill Saache matenee kommen. An ech si a gudder Déng awer, dass déi Diskussioun an Zukunft net méi wäert ze féiere sinn. An da kucke mer weider."
"Phaseweis emotional" un der Säitelinn
An der Grupp, an där sech Lëtzebuerg befënnt, wier all Géigner schwéier, esou de Jeff Strasser. Nieft Nordirland an der Slowakei ass och nach Däitschland e Géigner. Mee d’Rout Léiwe wieren “ambitionéiert an determinéiert”.
"Et ass eng gutt Mentalitéit innerhalb vun der Ekipp. Mir mussen eis Stäerkten op den Terrain bréngen. An dann ass et Fussball. An an engem Fussballsmatch si vill Saachen, déi kënne geschéien. A mir wäerte probéieren, dass mir déi Matcher um Terrain esou erfollegräich wéi méiglech bestreiden."
Perséinlech gesäit de Jeff Strasser sech als en engagéierten Trainer un der Säitelinn, deen och mol phaseweis emotional ka ginn.
"Dee Fonke soll ëmmer op meng Spiller eriwwer sprangen, wat och gréisstendeels de Fall ass, fir dass d'Performance am beschten ass. Dat ass hautdesdaags d'Aart a Weis."
Dobäi wier et egal, ob dat um nationalen, oder um internationalen Niveau de Fall ass, esou nach de Jeff Strasser.