Dem Jean Portante säi Wee bei d’Schreiwen huet 1983 ugefaangen, wou hie säin Job als Franséischproff un de berüümten Nol gehaangen huet an dunn als fräie Schrëftsteller op Paräis gaangen ass. De Jean Portante huet italieenesch Originnen an italieenesch war och déi éischt Sprooch, déi hie geschwat huet, mee säi literaresche Choix ass dunn awer op d’Franséischt gefall.
Eng aner Sprooch bannendran
De Jean Portante huet sech awer séier Gedanke gemaach, well hien d'Gefill hat, datt a senger Demarche net alles kloer ass. An hien huet sech d’Fro gestallt, firwat hien dann op Franséisch schreift, wann hien am Fong eng aner Sprooch a sech dran huet, déi eben déi éischt Sprooch ass.
“Net Italieenesch, mee d’Abruzzenitalieenesch, den Dialekt. Well an der Schoul, do war ech just e puer Méint. Fir dat héisch Italieenesch war do keng Zäit et ze léieren. Mee et huet iergendeng Sprooch a mir geschwat a wann dat op Blat komm ass, da war dat eng aner.”
Léisung huet mat engem Walfësch ze dinn
Dat alles huet awer ferm um Jean Portante geschafft, bis hien op eemol d’Léisung fonnt hat, an de Kär vun der Léisung war e Walfësch. Dee Walfësch - e risegt Déier - gouf 1953 hei zu Lëtzebuerg gewisen. An aus der Mrs Haroy huet de Jean Portante e Roman gemaach “Mrs Haroy ou la mémoire de la baleine”,
“An dee Wal, deen huet mir villes erzielt. En huet mir zum Beispill erzielt, ech war net ëmmer am Waasser. Ech komme vum Festland. An d’Wëssenschaftler soen, et war een immensen Hond mat Patten an esou. An dee seet an engem bestëmmten Ament vu senger Evolutioun: 'Elo ginn ech an d’Waasser, et ass e Migrant.'”
En huet alles u sech verännert, bis op eng Saach
An déi Migratioun gläicht dem Jean Portante senger Geschicht. De Wal ass och e Virbild fir de Jean Portante. En huet alles am Waasser u sech verännert. Just eng Saach net: seng Long. An doduerch kann en net am Waasser liewen.
“Hien ass weder vum Festland, well e kann net méi dohinner zeréck, awer och nach net vum Waasser, well e jo déi Long do huet.”
Firwat hues du deng Long behalen?
Déi Fro huet de Jean Portante dem Wal gestallt. An dee sot, datt en alles sacrifiéiert huet, mee eppes wollt hien awer halen, wat fir de Wal am wichtegste war um Festland: d’Ootmung. An de Wal wollt du wëssen, wat dem Jean Portante seng Ootmung wier?
“Dann äntweren ech him, jo dat ass déi italieenesch Sprooch, déi a mir schwätzt. An do seet hien, da maach et wéi ech, verstopp d’Italieenesch an der franséischer Sprooch. Looss se dra klammen an da veränners du déi franséisch Sprooch duerch déi Italieenesch déi, dran ass.”
An elo gëtt et eng Sprooch, déi op den Universitéite studéiert gëtt, an déi nennt een dann d’Langue baleine, d’Walsprooch.
De roude Schal
Wann een de Jean Portante trëfft oder och Fotoe gesäit, nieft sengem schwaarze Gezei fält, awer och ëmmer dee roude Schal op. Dofir och d’Fro un den Auteur: Firwat dee roude Schal? Eng Fro, op déi de Jean Portante awer keng Äntwert weess.
“Deen ass einfach eng Kéier komm an ni méi gaange, sou wéi och déi schwaarz Kleedung. Ech kréien dat oft gefrot, mee ech hu keng Äntwert drop. Ech fille mech wuel esou. Vläicht, well dat mäi Schaffkostüm iergendwéi ass. Ech sinn ëmmer schwaarz ugedo an ech halen doheem och praktesch de Schal un."