Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
search

/ Jean Asselborn: Déi beschte Garantie fir d'Ukrain ass den Artikel 5 vun der NATO

International

Jean Asselborn: Déi beschte Garantie fir d'Ukrain ass den Artikel 5 vun der NATO

International gëtt et eng grouss Veronsécherung no der Wal vum Donald Trump. Dat ass d'Aschätzung vum fréiere Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am 100,7-Interview. Besonnesch Suerge mécht hie sech par rapport zur Ukrain.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

De fréieren Ausseminister Jean Asselborn | © European Union play_arrow
De fréieren Ausseminister Jean Asselborn (Foto: European Union)

Den Donald Trump huet am Virfeld vun de Walen annoncéiert, dee Krich an Zäit vu 24 Stonne wëllen op en Enn ze bréngen. Wann dat awer geschitt, verléiert d‘Ukrain tëschent 20 a 25 Prozent vun hirem Territoire. An nom Krich bräicht d‘Ukrain egal wei eng staark Garantie fir hir Existenz, esou de Jean Asselborn. Dat wier den Artikel 5 vun der Nato.

"Mee fir dee kënnen ze kréien, muss ee Member gi vun der NATO. An dir kënnt Iech virstelle wat fir Diskussiounen, do entstinn."

Den Artikel 5 gesäit vir, datt d'NATO agräife muss, wann eent vun de Memberlänner ugegraff gëtt.

Lauschterenplay_arrow