arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jane Goodall ass dout

Aktuelles

|
headphones

3 min

Jane Goodall ass dout

Déi brittesch Schimpanse-Fuerscherin an Ëmweltaktivistin Jane Goodall ass am Alter vun 91 Joer gestuerwen. Duerch hir jorelaang Observatioun vu Mënschenafen am Dschungel huet si nei Standarden an der Fuerschung iwwer Primate gesat.

headphones

3 min

Dr. Jane Goodall bei der Konferenz “Hope in action” zu Malaga, Spuenien am Mee 2025 | © EPA/JORGE ZAPATA
Dr. Jane Goodall bei der Konferenz “Hope in action” zu Malaga, Spuenien am Mee 2025 (Foto: EPA/JORGE ZAPATA)

Ni virdrun huet een et gepackt Schimpansen esou vun noem ze beobachten. D’Erkenntnisser vun der Jane Goodall hunn d’Fuerschung revolutionéiert. Spéiderhin huet si sech onermiddlech fir den Ëmweltschutz agesat. Si huet 65 Joer laang un der Etüd mat de wëlle Schimpansen an Tansania geschafft.

Weltwäit Reaktiounen

Den Doud vun der Fuerscherin Jane Goodall suergt fir weltwäit Reaktioune vun Trauer an Unerkennung. Si ass um Wee op eng Konferenz am US-Bundesstaat Kalifornien gestuerwen, dat confirméiert e Spriecher vum Jane-Goodall-Institut. 

De brittesche Prënz Harry a seng Fra hunn d’Fuerscherin als “visionär Humanistin, Wëssenschaftlerin a Frendin vum Planéit” bezeechent.

De fréiere Premier vu Kanada Justin Trudea huet op X geschriwwen, datt hiert Wëssen an hiert Matgefill an all Akt vum Naturschutz wäert weiderliewen.

Hir extraordinäre Fuerschung hätt net nëmmen d’Verständnis vu Schimpansen an hirem Liewensraum revolutionéiert, ma si wier och eng onermiddlech Spriecherin fir de Schutz vu Wëlldéieren an de Bëscher gewiescht, déi Milliounen inspiréiert hätt, esou heescht et vu Greenpeace.

Lauter Politiker oder Prominenter deelen hiert Bäileed an de soziale Medie mat.

En aussergewéinlecht Liewen

D’ Valerie Jane Morris-Goodall war déi eelsten Duechter vum Geschäftsmann Mortimer Herbert Morris Goodall an der Schrëftstellerin Margaret Myfanwe Jospeh.

Si war scho vu Kandesalter u begeeschtert vu Wëlldéieren. 1960 ass si am Optrag vum kenianesch-brittesche Anthropolog Louis Leakey an dat haitegt Tansania reest, fir do eng Grupp Schimpansen ze beobachten.

Hir Observatioune goufe bezeechent als “redefinéirend wat et heescht Mënsch ze sinn”.

Am Wëssen, datt hir Leeschtungen nëmme géifen den néidege Respekt kréien, wa si akademesch qualifizéiert wier, arrangéiert hien hir ouni Ofschloss e PhD op der Uni Cambridge ze maachen. 1965 huet si hir Dokteraarbecht “The Behaviour of Free-living Chimpanzees in the Gombe Stream Reserve” complétéiert.

©  EPA/JULIAN SMITH AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT
(Foto: EPA/JULIAN SMITH AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT)

Si war zwee mol bestuet. Hiren éischte Mann war Fotograph beim National Geographic. Si hu sech 1974 scheede gelooss. Hiren zweete Mann war e Parlamentsmember an Tansania, hien ass 1980 gestuerwen.

D’Jane Goodall huet 27 Bicher fir Erwuessener a Kanner geschriwwen. Iwwerdeems huet si bei Filmer an Dokumentioune matgewierkt. 2019 koum d’Dokumentatioun vun National Geographic eraus “Becoming Jane”. Hiert lescht Buch “The Book of Hope: A Survival Guide for Trying Times” gouf an iwwer 20 Sproochen iwwersat.

Hir Methode mat den Déieren ze interagéieren an hinnen Nimm am Plaz Nummeren ze ginn, gouf als éischt net eescht geholl. Mee hir revolutionär Erkenntnisser hunn hir Recht ginn a si gouf weltberüümt.

Um Internetsite vun deem no hir benannten Institut fënnt ee kompletten Noruff vun der Jane Goodall.

“Throughout her life and remarkable career, Jane inspired generations of scientists, brought hope to countless people from all walks of life, and urged us all to remember that “every single one of us makes a difference every day – it is up to us as to the kind of difference we make”.”

Si hannerléisst ee Bouf an dräi Enkelkanner.