Bei de Banke gëtt an Zukunft automatesch an an Echtzäit virun der Iwwerweisung iwwerpréift, ob d’Donnéeën iwwereneestëmmen, erkläert de Paul Wilwertz vun der Bankevereenegung ABBL.
"Wann Dir elo ee Virement (...) maacht, dann ass d’Bank elo obligéiert ze kucken, ob den Numm, deen Dir do op de Virement geschriwwen hutt (...) an d’IBAN-Nummer, ob déi iwwereneestëmmen."
Wann d'Donnéeën net iwwerenee stëmmen, da kritt de Client an Zukunft eng Warnung vu senger Bank, an de Client kann dann decidéieren, ob hien d'Iwwerweisung awer wëllt maachen.
"Wann Dir awer sot, ech wëll et awer maachen, da läit d’Responsabilitéit bei Iech, falls déi Suen dann op ee falsche Kont géife kommen."
Bei der Bankevereenegung ABBL wier ee sech bewosst, esou de Paul Wilwertz, datt déi nei Kontrolle bei Iwwerweisunge vun dësem Donneschdeg un, d'Leit e wéineg kéinte veronsécheren.
Echtzäitiwwerweisunge gi Flicht
D'Banken hunn hir Clienten am Virfeld iwwer déi nei Kontrollen informéiert a se wieren och prett fir Fro an Äntwert ze stoen, esou den ABBL-Vertrieder. Den neie System géif ënner anerem och wéinst dem Kampf géint d'Kriminalitéit ageféiert ginn.
Zënter dem Januar dëst Joer mussen d'Banken esou Echtzäitiwwerweisunge kënnen empfänken. Vun dësem Donneschdeg u mussen d'Banke se och ouni zousätzlech Käschte verschécken. Bei allen Euro-Iwwerweisungen am SEPA-Raum sollen d'Suen also bannent 10 Sekonnen um anere Konto sinn.