Et sinn déi schlëmmst Iwwerschwemmungen zënter den Opzeechnungen. Un der Grenz zu Kasachstan an de Regiounen Orenburg a Kurgan war de Peegelstand dës Nuecht op 2 Meter iwwert de Seuil geklommen.
Scho leschte Weekend hat déi russesch Regierung den Noutstand ausgeruff. Réischt an zwee Deeg gëtt mat engem Réckgang vum Waasser gerechent.
Virun allem Stied am Süde vun den Uralbierger stinn ënner Waasser.
Am Gebitt Orenburg, un der Grenz zu Kasachstan, gëtt d’Situatioun ëmmer méi schlëmm. D’Waasser klëmmt rasant an ass an de leschte 24 Stonnen ëm 70 Zentimeter eropgaangen. Bal 12.000 Haiser stinn ënner Waasser. Dausende Leit hunn hiert Doheem misse verloossen.
Rieds vu Joerhonnertflut
Grad esou a Kasachstan. Honnertdausende Leit hunn d’Haaptstad Astana verlooss fir sech a Sécherheet ze bréngen.
An de russesche Medie gëtt vun enger Joerhonnertflut mat apokalypteschem Ausmooss geschwat. Och déi elektresch Infrastruktur ass betraff, sou datt ganz vill Leit den Ament keen Zougang zu Stroum hunn.
Schued gëtt op 400 Milliounen Euro gerechent
An deene Regiounen, wou et am schlëmmsten ass, sinn och medezinesch Ariichtunge betraff. De Schued gëtt bis ewell op 40 Milliarde Rubel geschat, also ëmgerechent 400 Milliounen Euro.
Grond fir d’Iwwerschwemmungen ass staarke Reen, parallel zum Schmëlze vu grousse Schnéimassen. Derbäi kënnt, datt eng Rei Staudämm dem Drock vum Waasser net Stand gehalen hunn a gebrach sinn.