arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerraschungsvisitt vum Selenskyj an Dänemark

Mat der Ursula Von der Leyen

|
reading time

2 min

Iwwerraschungsvisitt vum Selenskyj an Dänemark

Zu Aarhus an Dänemark gëtt den Ufank vun der dänescher EU-Presidence offiziell lancéiert. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass um Donneschdeg iwwerraschend an Dänemark op Besuch.

reading time

2 min

v.r.n.l.  Ursula von der Leyen, Wolodymyr Selenskyj, Mette Frederiksen, António Costa | © Danièle Weber
v.r.n.l. Ursula von der Leyen, Wolodymyr Selenskyj, Mette Frederiksen, António Costa (Foto: Danièle Weber)

Op de Selenskyj waart ënner anerem eng Audienz beim dänesche Kinnik Frederik X. Bei engem Treffe mat der dänescher Premierministesch, der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun an dem EU-Conseilspresident soll et iwwerdeems dorëm goen, wéi d’Ukrain beschtméiglech ënnerstëtzt ka ginn. Dofir gëtt ënner anerem d’Méiglechkeet vun enger EU-Memberschaft beschwat.

Iwwerdeems sollen d’Sujete militäresch Ënnerstëtzung, Zesummenaarbecht mat der ukrainescher Rüstungsindustrie an néi Sanktioune géint Russland bei deem Treffe beschwat ginn.

“Ukrain Deel vun Europäescher Famill”

D’Ukrain géif zur Europäescher Famill gehéieren: Déi Famill wier net komplett, ouni d’Präsenz vum ukrainesche President, esou déi dänesch Premierministesch Mette Frederiksen zum Optakt vun der EU-Presidence.

D’Erweiderung vun der Europäescher Unioun a speziell d’Verhandlunge mat der Ukrain ass ee vun de Sujeten, op déi Dänemark wärend de nächste sechs Méint de Schwéierpunkt wëllt setzen. D’EU ass am Fong prett, mat de Gespréicher iwwert ee Bäitrëtt vun der Ukrain unzefänken. Ungarn blockéiert dee Schrëtt awer am Moment.

Grouss Erausfuerderungen

Déi dänesch Premierministesch huet vu groussen Erausfuerderunge geschwat, fir an deem Prozess virunzekommen. D’Ukrain géif hiren Deel maachen, esou d’Mette Frederiksen. 

Fir den Optakt vun der dänescher EU-Presidence ass och d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Aarhus present. Zesumme mat der Majoritéit vun den EU-Kommissärinnen a Kommissären, dorënner och de Lëtzebuerger EU-Kommissär Christophe Hansen.

Dänemark huet d’EU-Presidence dëse Mount vu Polen iwwerholl. Ënnert dem Motto “E staarkt Europa an enger sech verännerender Welt” wëllt sech Dänemark virun allem op d’Sécherheetsfroen an d’Konkurrenzfäegkeet vun der EU konzentréieren.