Dës Demissioun kënnt kuerz ier d‘Parlament sollt iwwer e Mësstrauensvott vun der Oppositioun ofstëmmen.
Och gëschter um Mëttwoch ware rëm zéngdausende Mënschen an de Stroosse fir de Récktrëtt vun der Regierung ze fuerderen.
Si geheien der Regierung zu Sofia Korruptioun am Staatsapparat fir.
Vu Januar un den Euro
D‘Protester hate virun zwou Wochen ugefaang. Dat ronderëm de Vott vum Staatsbudget. Gëschter um Mëttwochowend nach hat de Premierminister signaliséiert, datt hien net wéilt zerécktrieden.
Hien ass réischt zanter Mëtt Januar am Amt.
Den 1. Januar soll Bulgarien den Euro aféieren.