Et ware chaotesch Zeenen um Freideg am Norde vu London. E Passant hat d‘Police geruff nodeems en ee vun de gesichte Prisonéier, ee Sexualstroftäter, op der Strooss erbléckt hat.
Wéi d‘Police ukomm ass, waren d‘Journaliste vu Sky News schonn amgaangen de Prisonéier ze interviewen. Hie war säit enger Woch um fräie Fouss, a gouf du viru lafender Kamera nees festgeholl.
"Si maachen de Geck mat eisem Justizsystem"
Den Dag virdrun hat d‘Chaîne ITV ee weidere Prisonéier gefilmt. Hie war wéinst Bedruch zu bal véier Joer Prisong verurteelt ginn, an duerch en administrative Feeler entlooss ginn. Hir Biller weisen hie, wei e virum Wandsworth Prisong eng lescht Zigarett fëmmt, an d‘Kamera laacht an dunn an de Prisong geet, fir sech selwer ze stellen. Des Biller si fir d‘Police, an natierlech fir d‘Regierung, immens peinlech.
"Dës Leit maachen de Geck mat eisem Justizsystem. Fir si ass Groussbritannien anscheinend e schwaache Staat. D'Regierung muss endlech duerchgräifen," sou d‘Kemi Badenoch, Leader vun de Konservativen.
Schonn am Oktober war ee Sexualstroftäter, deen am Summer landeswäit anti-Migratiouns Protester ausgeléist hat, fälschlecherweis entlooss ginn. Hien war ursprénglech als Migrant an engem Boot a Groussbritannie komm an ass viru kuerzem deportéiert ginn. Dëse Fall hunn d‘Rietspopuliste vu Reform UK an hirer Kritik un der Regierung oft opgegraff.
Prisongen iwwerlaascht an ënnerbesat
Fir de Keir Starmer kann dëst also och zu engem politesche Problem ginn. Hie sot, hie wier rosen a frustréiert iwwert des rezent Fäll, an et wier u senger Regierung, de Problem ze léisen. An dat ass eng grouss Erausfuerderung.
Der BBC no sinn nämlech an engem Joer 262 Prisonéier aus Versinn entlooss ginn. Brittesch Prisonge sinn iwwerlaf a wéi de Justizsystem sinn se oft ënnerbesat. D‘Labour Regierung hat dofir d‘lescht Joer souguer ronn 40.000 Leit fréizäiteg aus Prisongen entlooss, fir de System z‘entlaaschten.