arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwer d'Hallschent vun de Leit hunn déi defekt Airbags nach net ersetze gelooss

Citroën zu Lëtzebuerg

|
headphones

1 min

Iwwer d'Hallschent vun de Leit hunn déi defekt Airbags nach net ersetze gelooss

200 Leit hunn den Ament hei am Land déi defekt Airbags vun der Mark Takata an hire Gefierer nach net ersetze gelooss. Dat äntwert de Wirtschaftsminister Lex Delles op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun de Piraten.

headphones

1 min

© OceanProd - stock.adobe.com
(Foto: OceanProd - stock.adobe.com)

Am Ganze waren Enn Juni nach eng 350 Citroen C3 an DS3 Gefierer betraff. D‘Besëtzer kruten een offizielle Bréif vun den zoustännegen Autoritéiten, fir den Airbag op Käschte vum betraffenen Autoskonzern Stellantis – also gratis – ersetzen ze loossen, esou de Minister.

Iwwer d‘Hallschent vun de Leit sinn deem Opruff also nach net nokomm.

Déi defekt Airbags vun Takata haten a Frankräich zu déidleche Verkéiersaccidenter gefouert. Zënterdeem gouf et eng gréisser Réckruffaktioun.