arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwer 8.200 Mënsche kruten zejoert déi Lëtzebuerger Nationalitéit - 380 iwwer Recouvrement

National

|
headphones

1 min

Iwwer 8.200 Mënsche kruten zejoert déi Lëtzebuerger Nationalitéit - 380 iwwer Recouvrement

De gréissten Deel vun deenen 8.223, nämlech 6.500 kruten déi Lëtzebuerger Nationalitéit par option. Ronn 1.300 Persounen hu sech naturaliséiere gelooss a ronn 380 Leit hunn d‘lescht Joer déi Lëtzebuerger Nationalitéit par Recouvrement kritt.

headphones

1 min

Fändel Lëtzebuerg | © picture alliance / Joko | Joko
Fändel Lëtzebuerg (Foto: picture alliance / Joko | Joko)

Op ee Recouvrement kënne Leit zeréckgräifen, déi Virfaren hunn déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit haten. Den Delai fir de Recouvrement ass den 31. Dezember ausgelaf. 

Et gëtt awer nach keng definitiv Zuel, wéi vill Leit iwwert de Recouvrement d‘Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, well d‘Demanden, déi virum 31. Dezember erakomm sinn nach net all traitéiert goufen, dat deelt de Justizministère mat.