arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwer 4.000 Fluchpassagéier duerch Post-Pann impaktéiert

Luxairport

|
reading time

1 min

Iwwer 4.000 Fluchpassagéier duerch Post-Pann impaktéiert

Wéinst den technesche Problemer bei der Post wier et de Mëttwoch bei am Ganze 40 Vollen zu Retarde komm, esou d'Bedreiwergesellschaft vum Flughafen.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Luxairport weist d'Responsabilitéit dofir awer vu sech. D'Sécherheetskontrollen an d'Infrastruktur vum Flughafen hätten déi ganz Zäit iwwer normal funktionéiert. D'Retarde wieren entstanen, well den Check-in an de Boarding vun de Fligeren net wéi gewinnt fonctionéiert hätt, esou Luxairport.

Dës Operatioune ginn um Findel gréisstendeels vun der Luxair bedriwwen. Där hiren Direkter Gilles Feith sot eis, et hätt ee beim Boarding effektiv deels op geprinte Passagéierlëschte missen zeréckgräifen, well déi digital Systemer duerch d'Pann bei der Post net méi funktionéiert hätten.