Wéi et schéngt hat déi däitsch Arméi am Zweete Weltkrich d‘Bomme beim Verloosse vun der Regioun wéinst dem Virstouss vun der rouder Arméi zeréckgelooss.
De Buergermeeschter vun der Regioun betount, datt d‘Awunner Gléck gehat hätten. Iwwer an niewent dem Lager hätten aacht Joerzéngte laang Schoulen, Spillschoulen a Sportanlagen gestaanen. Den Ament entsteet op der Plaz een neie Quartier.
D‘Aarbechte wäerten duerch d‘Decouverte vun de Bommen elo méi komplizéiert ginn.