Am meeschten hunn d‘Faillitten am Commerce zougeholl, am Secteur vun de spezialiséierte Servicer, an am Horeca-Secteur.
Par contre ass d‘Zuel vun de Faillitten am Bausecteur zeréckgaangen, ëm 16%.
Wéinst de Faillitte sinn iwwer 3.100 Aarbechtsplaze verluer gaangen, dat sinn der liicht manner wéi d‘Joer virdrun. Och wann déi Donnéeën nach nëmme provisoresch sinn, esou géife se awer weisen, datt d‘Situatioun amgaange wier sech stabiliséieren, esou de Statec.