arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwer 10.000 Hoteller ënnerschreiwe Sammelklo géint Booking.com

Tourismus

|
reading time

1 min

Iwwer 10.000 Hoteller ënnerschreiwe Sammelklo géint Booking.com

Méi wéi 10.000 Hoteller aus den EU-Memberlänner kloe géint d'Online-Plattform Booking.com. Si fuerdere Schuedenersatz, well d'Plattform si dru gehënnert huet, Zëmmere fir méi gënschteg Präisser unzebidden, och wann d'Reservatiounen net op der Plattform gemaach goufen.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi iwwer 10.000 Hoteller hunn eng Sammelklo virun engem hollännesche Geriicht gemaach. Booking.com huet säin Haaptsëtz zu Amsterdam.