Schonn am Dezember wier déi israeelesch Police mat Camionen a Gabelstaapleren op de Site virgedrongen an hätt en israeelesche Fändel iwwert dem Gebai opgehaangen. D’UN Palästinenser-Hëllefswierk hat deemools matgedeelt datt dëst onerlaabten a gewaltsam Andréngen, eng inakzeptabel Verletzung vun de Rechter an der Immunitéit vun der UN-Organisatioun wier.
Schaff-Verbuet fir d'UNRWA op israeeleschem Territoire
Virun engem Joer haten déi israeelesch Autoritéiten d’Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun opgefuerdert de Site ze verloossen. Israel geheit der UNRWA vir, datt verschidde vun de Mataarbechter un Terror-Aktivitéite vun der Hamas bedeelegt gewiescht wieren. Dat israeelescht Parlament hat dorops hin e Gesetz gestemmt, dat der UNRWA verbitt op israeeleschem Territoire ze schaffen.
E Spriecher vum israeeleschen Ausseministère huet matgedeelt dass de Staat Israel de Besëtzer vun dësem 4,6 Hektar groussen Terrain wier. Si hätten d’Grondstéck konfiszéiert - am Aklang mat dem israeelesche wei och internationale Recht.
Oste vu Jerusalem arabesch gepräägt
Israel hat den arabescht gepräägten Oste vu Jerusalem Deel wärend dem Sechstagekrieg 1967 erobert an dunn annektéiert. De Status vun der Stat ass ee vun den Haaptsträitfroen am Noost-Konflikt D’Palästinenser-Hëllefswierk war 1949 vun de vereenten Natioune gegrënnt ginn. Usproch op hëllef hu ronn 5,9 Millioune palästinensesch