arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel wëllt Gaza-Stad eruerweren

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israel wëllt Gaza-Stad eruerweren

Den israeelesche Sécherheetskabinett huet déi Eruewerungspläng guttgeheescht, dat huet de Moien elo de Büro vum Premier Benjamin Nethanjahu matgedeelt, virdru gouf sech stonnelaang beroden.

headphones

1 min

© picture alliance / dts-Agentur | -
(Foto: picture alliance / dts-Agentur | -)

De Sécherheetskabinett ass sech och iwwer 5 Prinzippien eens ginn, wéi de Gazakrich kann op en Enn bruecht ginn, mellen israeelesch Medien. Esou wëllt Israel déi militäresch Kontroll iwwer d'Gazasträif iwwerhuelen, d'Hamas komplett entwaffen an déi ganz Gazasträif demilitariséieren. Duerno soll dann eng alternativ zivil Regierung opgebaut ginn.

Israel kontrolléiert awer am Moment schonn dräivéierel vum Territoire, op deem 2 Millioune Palästinenser liewen.