arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel wëllt 19 weider illegal Siidlungen am Westjordanland bauen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israel wëllt 19 weider illegal Siidlungen am Westjordanland bauen

Israel huet d‘Baue vun 19 neie Siidlungen am Westjordanland accordéiert. Schonn d‘lescht Woch haten israeelesch Medie bericht, datt de Sécherheetscabinet 19 nei Siidlungen decidéiert huet. Bis elo gouf et awer keng offiziell Confirmatioun vun der Regierung.

headphones

1 min

Westjordanland | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Westjordanland (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)

No internationalem Recht sinn déi Siidlungen illegal. 

D‘Vereenten Natioune gesinn esou israeelesch Siidlungen och als ee Problem fir eng Friddensléisung, well si kaum nach een zesummenhängenden Territoire fir Palästinenser zouloosse géifen an domat eng Zweestaateléisung schwiereg gëtt.

De rietsextremen israeelesche Finanzminister huet op X vun engem Stopp vum palästinenseschen Terrorstaat geschwat.