Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hätt him dat confirméiert. D‘USA wiere géint eng nei permanent Besetzung vun der Gazasträif.
Israeelesch Mënscherechtsgruppen haten d‘lescht Woch gewarnt, datt et Unzeeche fir esou eng permanent Occupatioun géif ginn.
Israel huet iwwerdeems confirméiert, datt och den neie Chef vun der Hisbollah-Miliz am Libanon eliminéiert gi wier, de Successeur also vum Nasrallah, deen Enn September bei enger israeelescher Loftattack ëm d‘Liewe komm war. Den Haschem Safi al-Din wier virun dräi Woche bei enger Attack zu Beirut getraff ginn, esou déi israeelesch Arméi. D‘Hisbollah huet säin Doud bis elo net confirméiert.