Den israeeleschen Defenseminister Israel Katz beschëllegt d‘Hamas, mat hanner där Aktioun ze stiechen. Déi islamistesch Organisatioun géif Sue vun der Crowdfunding-Campagne vun der Flotilla fir sech ofzezweigen. Déi Virwërf sinn net nei, wéi déi Sanktiounen ausgesinn a wéi eng Auswierkungen se hunn, ass nach net gewosst.
Déi pro-palestinensesch Aktivistinnen an Aktivisten aus verschiddene Länner, dorënner och vu Lëtzebuerg, probéiere mat dëser Aktioun, déi israeelesch Blockad vun der Gazasträif ze duerchbriechen.