arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel stoppt lescht Schëff vu Flott - Grouss Solidaritéitsprotester an Italien

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israel stoppt lescht Schëff vu Flott - Grouss Solidaritéitsprotester an Italien

Déi israeelesch Marine huet, Aktivisten no, elo och dat lescht Schëff, vun deenen am ganzen 42 Schëffer, déi um Wee waren Hëllefsgidder an d‘Gazasträif ze bréngen, gestoppt. Propalästinensesch Aktivisten hunn een entspriechende Video publizéiert.

headphones

1 min

Propalästinenschen Protester bei der Arrivé vum Jeff Bezos an der Ursula von der Leyen fir déi italienesch Tech-Woch zu Turin  | © EPA/TINO ROMANO
Propalästinenschen Protester bei der Arrivé vum Jeff Bezos an der Ursula von der Leyen fir déi italienesch Tech-Woch zu Turin (Foto: EPA/TINO ROMANO)

Iwwer 400 Besatzungsmemberen aus Dosende Länner wiere festgeholl ginn, dorënner och eng Lëtzebuerger Aktivistin an och déi schweedesch Aktivistin Greta Thunberg. Si sollen zeréck an hir Heemechtslänner geschéckt ginn.

An Italien gëtt et an deem Kader haut ee gréissere Streik. Aus Solidaritéit fir d‘Gaza-Hëllefsflott hu vill Salariéen hir Aarbecht néiergeluecht. Ënnert anerem zu Roum an zu Mailand funktionéiert den ëffentlechen Transport nëmmen deelweis an et sinn am Laf vum Dag nach weider Demonstratiounen a Protestaktioune geplangt. Déi gréissten italieenesch Gewerkschaft CGIL huet zu engem Generalstreik opgeruff.

Hamas reagéiert op Trump-Friddensplang

D’Hamas huet um Freidegmoien eng éischte Kéier op de Friddensplang vum Donald Trump reagéiert. Hire Message wier, datt si méi Zäit bräichten. Et misst een alles genee studéieren, heescht et vun der Hamas.