Déi israeelesch Arméi mellt, datt dat Gebai en Treffpunkt fir Terroriste vun der Hamas a vum islameschen Dschihad wier. D‘Doudesaffer wieren Terroriste gewiescht, déi an de leschten Deeg Rakéiten op Israel geschoss an israeelesch Truppen attackéiert hätten.
Dem palästinensesche Gesondheetsministère no, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, sinn zënter dem Ufank vum Gazakrich viru méi wéi engem Joer iwwer 42.000 Mënschen an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.