arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi mécht Appell fir Süde vu Gaza ze evakuéieren

Noen Osten

|
reading time

2 min

Israeelesch Arméi mécht Appell fir Süde vu Gaza ze evakuéieren

Zënter dem Ufank vum Gaza-Krich virun 22 Méint ass praktesch déi ganz Populatioun vum Gaza zu Banneflüchtlinge ginn. E groussen Deel dovunner leit ënner Honger. Als Konsequenz vun dëser Aktioun misst dat israelescht Militär am Zentrum vum Gaza intervenéieren.

reading time

2 min

© EMMANUEL DUNAND / POOL
(Foto: EMMANUEL DUNAND / POOL)

Dem israeleschen Arméichef huet an dem Kontext vun enger geféirelecher Aktioun fir seng Zaldote geschwat.

Virun enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum UNO-Sécherheetsrot zu New York sot den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar: Rezent Propagandavideoe vun der Hamas géife weisen, datt déi israeelesch Geiselen an der Gazasträif gefoltert a verhéngere gelooss géife ginn.

Hiert Schicksal misst an de Mëttelpunkt vun der weltwäiter Ëffentlechkeet gestallt ginn, esou de Gideon Saar.

De stellvertriedenden UNO-Generalsekretär Miroslav Jenca huet d'Behandlung vun de Geisele verurteelt a widderholl, d'UNO géif eng direkt Liberatioun vun de Geisele fuerderen. Gläichzäiteg huet hien déi humanitär Situatioun an der Gazasträif als katastrophal bezeechent a Israel virun enger Erweiderung vum Krich gewarnt. 

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu wëllt Medieberichter no déi israeelesch Militäraktioun nach emol erweidere fir déi ganz Gazasträif ënner d'Kontroll vun der israeelescher Arméi ze bréngen. De Sécherheetskabinett vun der israeelescher Regierung soll muer zesummekomme fir ze decidéieren, wéi et mam Krich virugeet.

UNO-Generalsekretär: Erweiderung vu Militäroperatioun hätt katastrophal Konsequenzen

Eng Erweiderung vun där israeelesche Militäroperatiounen an der Gazasträif hätt katastrophal Konsequenzen, dat sot de stellvertriedenden UNO-Generalsekretär Miroslav Jenca virun enger ausseruerdentlecher Sëtzung vum UNO Sécherhetsrot zu New York. D’internationaalt Recht wier kloer. Gaza misst en Deel vun engem zukünftege palestinensesche Staat bleiwen, esou den héijen UNO Vetrieder.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu wëllt Medieberichter no déi israeelesch Militäraktioun nach emol erweidere fir déi ganz Gazasträif ënnert d‘Kontroll vun der israeelescher Arméi ze bréngen. Säi Sécherheetskabinett soll muer zesumme komme fir ze decidéieren, wéi et mam Krich viru geet.