arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel publizéiert virleefege Rapport iwwer d'Attack op eng Klinik 

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israel publizéiert virleefege Rapport iwwer d'Attack op eng Klinik 

Déi israeelesch Arméi huet ee virleefege Rapport publizéiert iwwer d'Attack virgëschter um Méindeg op eng Klinik an der Gazasträif, bei där 5 Journalisten a 15 aner Mënschen ëm d'Liewe koumen.

headphones

1 min

Mënsche biede virun de Läiche vu Palestinenser, déi bei der israeelescher Attack op d’Nasser Spidol zu Khan Younis ëmkoum sinn. | © EPA/HAITHAM IMAD
Mënsche biede virun de Läiche vu Palestinenser, déi bei der israeelescher Attack op d’Nasser Spidol zu Khan Younis ëmkoum sinn. (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)

An Rapport heescht et, déi israeelesch Arméi hätt eng Iwwerwaachungskamera viséiert, déi d'Hamas um Gebai vum Spidol installéiert gehat hätt, fir israeelesch Truppen ze iwwerwaachen an Attacke géint si ze plangen.

De Rapport behaapt weider, d'Hamas géif generell Klinicke fir militäresch Zwecker benotzen. Déi israeelesch Arméi betount an deem virleefege Rapport, si hätt net geziilt op d'Journaliste geschoss.