Israel wéilt an där Offensiv an Etappe virgoen. Dat mellt de Wall Street Journal, dee sech op ägyptesch Sourcen a fréier israeelesch Offizéier berifft. Domat soll d‘Zuel vun den zivillen Affer begrenzt ginn.
Zu Rafah liewen Honnertdausenden Leit, déi Schutz gesicht hu virun der israeelescher Offensiv an Norde vun der Gazasträif.