De Sécherheetsberoder vum US-President Joe Biden reest haut a Saudi-Arabien a muer an Israel fir op en Neits iwwert den ëmstriddene Militärasaz a Rafah am Süde vun der Gazasträif an d‘Verhandlungen iwwert en Ofkommes mat der Hamas diskutéiert ze diskutéieren.
Am Küstegebitt si gëschter iwwerdeems déi éischt 300 Palette mat Hëllefsgidder iwwert e provisoreschen Hafe vun der US-Arméi ukomm. Dem Pentagon no sollen iwwert dee Wee elo all Dag ronn 90 Camione voll un humanitärer Hëllef an d‘Gazasträif bruecht ginn.