Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel attackéiert eng éischte Kéier Ziler am Jemen

Noen Osten

Israel attackéiert eng éischte Kéier Ziler am Jemen

Déi israeelesch Arméi huet gëschter fir eng éischte Kéier Ziler am Jemen attackéiert. Bei den israeelesche Loftattacke si militäresch Ziler vun de proiraneschen Huthi-Rebellen am Hafe vun Hodeidah attackéiert ginn. Doropshin ass ee Féier ausgebrach.

auto_stories

1 min

Den Huthien no wieren op d'mannst dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm a 87 Mënsche blesséiert ginn.

D‘Attack ass eng Reaktioun op eng déidlech Dronenattack den Dag virdrun zu Tel Aviv vun den Huthi-Rebellen. Den Ausseministère zu Teheran huet gewarnt, datt d‘Attack vun Israel am Jemen ee regionale Krich kéint ausléisen.

De Moie fréi huet déi israeelesch Arméi eegenen Aussoen no eng Rakéit ofgewiert, déi vum Jemen aus Richtung Israel geflu wier.