Den israeeleschen Ausseministère huet dës Fuerderung zréck gewisen. Si hätt "kee Bezuch zur Realitéit". D'Deklaratioun wiert ee "falscht Signal" un d’Hamas, heescht et. D'Terrororganisatioun wier eleng dofir responsabel, datt et nach keng Wafferou géif ginn an d'Geiselen nach net fräigelooss gi sinn, sou den israeeleschen Ausseministère.
Déi 28 Ausseministeren hunn ënner anerem den Ëmgang vun Israel mat der humanitärer Hëllef kritiséiert.