arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Emprunten op europäesche Finanzmäert: D'CSSF steet an der Kritik

Finanzen

|
headphones

1 min

Israeelesch Emprunten op europäesche Finanzmäert: D'CSSF steet an der Kritik

D'Lëtzebuerger Bankenopsiicht huet offiziell confirméiert, datt si de Prospekt ugeholl hunn, mat deem israeelesch Emprunten op europäesche Finanzmäert kënnen ugebuede ginn. déi Lénk, déi gréng an d'LSAP kritiséieren dës Entscheedung schaarf.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Am Prospekt virgesi wier ënner anerem de Finanzement vu Krich, esou verschidden Oppositiounsdeputéiert. Déi dräi Parteie verlaangen elo eng Commission jointe a Presenz vum Finanz- an Ausseminister, fir erkläert ze kréien, wéi esou eng Decisioun zustane konnt kommen.

Och juristesch stellen déi dräi Parteien d'Decisioun a Fro. 

Den Ausseministère wollt sech op eis Nofro hin net zum Sujet äusseren an huet op de Finanzministère verwisen. D'Spriecherin vum Finanzministère sot, de Minister wier esou kuerzfristeg net fir en Interview disponibel.