Radioen

On air

Notturno  |  Just About - A Musical Duo - Lost and Found

play_arrow Live
search

/ Israeelesch Attack op Moschee an der Gazasträif mat Leit déi Schutz gesicht hunn

Noen Osten

Israeelesch Attack op Moschee an der Gazasträif mat Leit déi Schutz gesicht hunn

Een Dag virum Joresdag vum Konflikt tëscht Israel an der Hamas ginn d‘Attacken an Noen Oste weider. Bei enger israeelescher Attack op eng fréier Moschee an der Gazasträif wieren op d‘mannst 21 Mënsche gestuerwen, deelt den Zivilschutz mat.

auto_stories

1 min

Gazasträif no israeleschen Attacken | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

An der Moschee hätte sech Leit opgehalen déi op der Flucht sinn an do Schutz gesicht hunn. Der israeelescher Arméi no wier an der fréierer Moschee eng Kommandozentral vun der Hamas an déi wier bei der Attack viséiert ginn.

Éischte Kéier och Ziler am Norde vu Libanon ugegraff

Och am Libanon attackéiert déi israeelesch Arméi weider Ziler. Fir eng éischte Kéier zanter dem Ufank vun der Offensiv am Libanon huet Israel gëschter och Ziler am Norde vum Land viséiert.

Libaneseschen Informatiounen no wier ee Flüchtlingslager net wäit vun der Stad Tripolis am Mëttelmier getraff ginn. Dobäi wier ee Leader vun der Hamas souwéi dräi Familljememberen ëm d‘Liewe komm.

Frankräich liwwert keng Waffe méi un Israel

De franséische President Macron sot gëschter an engem Interview mat France Inter, Frankräich géing keng Waffe méi un Israel liwweren. Et sollt ee prioritär nees probéieren eng politesch Léisung ze fannen an d‘Waffeliwwerunge fir d‘Kämpf an der Gazasträif stoppen. Eng Annonce déi den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu schaarf kritiséiert huet.