arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi wëll Waffestëllstand elo nees anhalen

Noen Osten

|
headphones

1 min

Israeelesch Arméi wëll Waffestëllstand elo nees anhalen

Bei rezenten israeelesche Loftattacken an der Gazasträif sinn Dokter-Informatiounen no 44 Leit ëm d‘Liewe komm. D‘Hamas huet vun engem klore Verstouss géint de Waffestëllstand geschwat. Israel behaapt sengersäits d'Hamas hätt d'Wafferou net agehalen.

headphones

1 min

D’Strooss Al-Rashid am Nordwesten | © EPA/HAITHAM IMAD
D’Strooss Al-Rashid am Nordwesten (Foto: EPA/HAITHAM IMAD)

Israel sot, d‘Hamas hätt de Waffestëllstand fir d‘éischt duerch Attacke géint israeelesch Truppen zu Rafah gebrach, bei deenen zwee israeelesch Zaldoten ëm d‘Liewe komm wieren. 

D‘Hamas sot si géif näischt iwwert déi Attacke wëssen, am datt si sech géife weider un d‘Konditioune vum Waffestëllstand halen.