arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israeelesch Arméi stoppt Gazaflotilla – och ee Lëtzebuerger Resident betraff

Noen Osten

|
reading time

2 min

Israeelesch Arméi stoppt Gazaflotilla – och ee Lëtzebuerger Resident betraff

Déi israeelesch Arméi huet d’Booter vun der internationaler Gazaflotilla gestoppt a 175 Leit festgeholl. Dat huet den israeeleschen Ausseministère matgedeelt. Ënner deenen, déi gefaange geholl gi sinn, ass och ee Lëtzebuerger Resident.

reading time

2 min

Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien | © EPA/MOHAMED MESSARA
Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien (Foto: EPA/MOHAMED MESSARA)

Am Ganze wieren 21 Booter am Mëttelmier westlech vu Kreta saiséiert ginn, esou de Patrick Bosch, President vun der Lëtzebuerger Sektioun vum Global Movement to Gaza, op eis Nofro hin.

Si hätten zwar Noutsignaler verschéckt, op déi hätten awer déi griichesch Autoritéiten net reagéiert. Kontakt mat de festgeholle Persoune bestéing den Ament net.

Zil wier et op d'Handele vum Staat opmierksam ze maachen

D’Organisateure ginn dovun aus, datt si an Israel bruecht an duerno ausgewise ginn. Mat dëser Hëllefsflotilla wollt een ënner anerem op d’Situatioun an der Gazasträif opmierksam maachen, esou de Patrick Bosch.

Hie kritiséiert, datt Israel kee Recht hätt, dës Booter ze saiséieren.

"Die Regierungen in Europa, auch weltweit und in Luxemburg machen nicht genug, wozu sie eigentlich verpflichtet sind. Es ist keine politische Wahl, es ist eine Verpflichtung. Und in diesem Sinne müssen wir auch weiterhin darauf aufmerksam machen, damit die Leute, also alle Personen in Luxemburg und im Ausland sich auch bewusst werden, was da vorgeht." 

Et hätt een eigentlech gemengt, et géif ee mat de Booter duerchkommen. 

"Wir werden auch weiterfahren. Wir wollen natürlich auch darauf aufmerksam machen und zeigen, wie der Staat sich da verhält."

Déi aner ronn 30 Booter vun der Flotilla wieren den Ament an de griichesche Gewässer weider a Richtung Gaza ënnerwee.