arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attack op Israeelesch Zaldoten zu Chan Junis – Israel accordéiert Sidlungsprojet

Israeelesch Medie mellen

|
headphones

2 min

Attack op Israeelesch Zaldoten zu Chan Junis – Israel accordéiert Sidlungsprojet

Déi israeelesch Arméi huet en ongewéinleche Groussugrëff vu palästinenseschen Extremisten an der Gazasträif gemellt. An der Stad Chan Junis am Süde vun der Gazasträif hätten eng 15 arméiert Palästinenser op israeelesch Zaldoten an engem Poste geschoss. 

headphones

2 min

Et wieren der och an de Posten eragestiermt. Si wieren deelweis duerch Tunnellen erakomm. Déi israeelesch Truppen hätt zeréck geschoss an 10 Ugräifer erschoss. Israeelesch Medie mellen, datt si warscheinlech israeelesch Zaldoten hätte wëllen entféieren. Dräi Zaldote wiere blesséiert ginn. 

3.400 Wunnunitéite fir ëmstriddene Sidlungsprojet

An Israel gouf en internationalen ëmstriddenen Sidlungsprojet am Westjordanland accordéiert. Et geet ëm de Bau vu ronn 3.400 Wunnunitéiten am sougenannten E1-Gebitt tëschent Ost-Jerusalem an der Siedlung Maale Adumim. Sollt dëse Projet, deen op d‘Initiativ vum zoustännege rietsextreeme Finanzminister Smotrich zeréckgeet, ëmgesat ginn, da géif dat besate Westjordanland faktesch an een nërdlechen an ee südlechen Deel opgespléckt ginn.

Dës géif deemno enger internationaler Unerkennung vun engem palästinensesche Staat am Wee stoen.

 60.000 Reserviste fir Gaza-City anzehuelen

Den israeeleschen Defenseminister Israel Katz huet de Plang fir d‘Stad Gaza anzehuele guttgeheescht. Dofir solle 60.000 Reservisten aberuff ginn, déi un der Operatioun sollen deelhuelen.

De Plang krut Gréng Luucht, obwuel déi islamistesch Hamas gëschter um Dënschdeg déi nei Propose fir eng Wafferou an der Gazasträif ugeholl huet. Israel huet nach net op déi nei Propos reagéiert, soll dat awer bis Enn der Woch maachen.

Medie mellen, datt de Sécherheetscabinet muer soll zesummekommen.

Et gëtt och spekuléiert, datt d'Decisioun fir de Krich an der Gazasträif auszeweiden, eng Verhandlungstaktik kéint sinn, fir d'Hamas ënner Drock ze setzen, fir rëm op de Verhandlungsdësch zeréckzekommen a méi flexibel ze sinn.