Den ireschen Ausseminister Micheal Martin sot der brittescher Zeitung „Daily Telegraph“, datt déi ëmstridde Politik vum brittesche Premier scho Konsequenzen op d‘Land hätt. Asyldemandeure géife bannent der europäescher Unioun Schutz siche fir net an de Ruanda expulséiert ginn.
Ronn 80 Prozent vun de Migrante kommen deemno iwwer Nordirland an Irland. Groussbritannien an d‘EU ware sech nom Brexit eens ginn, d‘Grenzen oppen ze loossen. Dat brittescht Parlament hat an der Nuecht op en Dënschdeg ee Gesetz gestëmmt, dat Ruanda zum sécheren Drëttstaat erkläert. Deemno kann déi konservativ Regierung zu London irregulär agereest Asyldemandeuren an dat ostafrikanescht Land expulséieren.