arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Repressioun vu Kënschtler inakzeptabel: Kulturminister reagéiert op Festnam vu Mahmoudian

Film

|
headphones

1 min

Repressioun vu Kënschtler inakzeptabel: Kulturminister reagéiert op Festnam vu Mahmoudian

D‘Nouvelle vun der Festnam vum iranesche Scenarist Mehdi Mahmoudian, wier besuergneserreegend. Dat schreift de Kulturminister Eric Thill op Facebook. Déi organiséiert Repressioun vu Kënschtler a Kënschtlerinnen am Iran wier inacceptabel, esou de Minister.

headphones

1 min

De Mehdi Magmoudia huet um Dréibuch vun "Un simple accident" matgeschafft. Déi Lëtzebuerger Co-Produktioun vum iranesche Regisseur Jafar Panahi ass bei den Oscaren an de Kategorië "Bescht Dréibuch" a "Beschten Internationale Film" nominéiert.

Virwërf sinn net bekannt

Wat genee dem verhafte Mehdi Mahmoudian virgehäit gëtt, wier net gewosst, heescht et aus dem Entourage vum Film.

De Scénarist hat virun e puer Deeg zesumme mat 16 anere Leit eng Deklaratioun ënnerschriwwen. An deem Schreiwes gëtt déi brutal Ënnerdréckung vun de Protester duerch den iranesche Regimm verurteelt. 

De Film “Un simple accident” war heemlech am Iran gedréint ginn an hat d’lescht Joer d’Palme d’Or zu Cannes gewonnen.