Nodeems zu Beerscheva am Süde vun Israel e Spidol vun enger iranescher Rakéit getraff ginn ass, dreet Israel mat enger Verstäerkung vun den Attacken. Dat huet den israeelesche Verdeedegungsministère ugekënnegt.
Bei enger Rei Loftattacken aus dem Iran ass et ënner anerem zu Jerusalem an Tel Aviv zu schwéieren Explosioune komm. Beim Ugrëff op d’Spidol geet een israeeleschen Indikatiounen no vun enge 47 Blesséierten aus.
Och Israel huet weider Loftugrëff op den Iran lancéiert. Ënner anerem goufen do Ziler an der Haaptstad Teheran ugegraff. Weider ass op eng Nuklearanlag geziilt ginn. Fir de Spriecher vum iraneschen Ausseministère wier d’International Atomenergie Agence matschëlleg un engem Zitat “ongerechten Aggressiounskrich deen Israel initiéiert huet”. Dat well Vertrieder vun der Atomagence ee falscht Narrativ géif ënnerstëtzen.
Ob d’USA militäresch wëllt agräifen ass onkloer. Den US President wollt sech bis ewell net fest leeën. Teheran warnt d’USA awer virun engem Agrëff an de Krich. Den iranesche Vize-Ausseminister Kasem Gharibabadi dreet mat Konsequenze géint d‘Aggresseuren, falls d’USA den Iran och géif ugräifen.