arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iran: Nopeschlänner mellen éischt Flüchtlingsgruppen

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Iran: Nopeschlänner mellen éischt Flüchtlingsgruppen

Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi wëll keng Verhandlungen sou laang wéi déi israeelesch Attacken op d‘Land weider ginn. Sou laang wier keng Plaz fir Diplomatie a Verhandlungen. 

reading time

1 min

D‘Ausseminister:innen aus Däitschland, Frankräich a Groussbritannien wollten den Araghtschi haut zu Genf gesinn, fir ze deseskaléieren. Wéi et heescht wéilt een dem Iran eng komplett Verhandlungspist virschloen. Israel huet dem Iran iwwerdeems virgehäit Zäit wëllen ze gewannen.

Iwwerdeems preparéiert d‘Flüchtlingswierk vun de Vereenten Natiounen UNHCR sech op en Flüchtlingswell aus dem Iran. Op de Grenze mat Armenien, dem Aserbaidschan an Turkmenistan goufen éischt Flüchtlingsgruppe gemellt.