arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Yuriko Backes: Verteidegung ass kee Selbstzweck

Nom NATO-Sommet zu den Haag

|
reading time

1 min

headphones

15 min

play_arrow

Yuriko Backes: Verteidegung ass kee Selbstzweck

Datt d'NATO-Memberlänner, dorënner och d'USA sech um NATO-Sommet zu Den Haag zu enger kollektiver Verteidegung bekannt hunn, wier ee staarke Message un de russesche President Wladimir Putin, an awer och virun anere Menacen, esou d'Defenseministesch Yuriko Backes.

reading time

1 min

headphones

15 min

play_arrow
D'Ministesch fir Defense, Mobilitéit an Diversitéit Yuriko Backes am 100,7-Interview  | © Michelle Barthel
D'Ministesch fir Defense, Mobilitéit an Diversitéit Yuriko Backes am 100,7-Interview (Foto: Michelle Barthel )

Et géif eng reell Menace bestoen, an déi géif vu Russland ausgoen, esou d'Yuriko Backes. Datt Lëtzebuerg selwer eemol ugegraff sollt ginn, wier éischter onwarscheinlech. Et misst ee sech awer un der kollektiver Verteidegung bedeelegen an awer och gutt opgestallt sinn, falls et trotzdeem emol zu engem gréisseren Incident zu Lëtzebuerg sollt kommen, esou d'Yuriko Backes.

Lëtzebuerg hätt iwwerdeems e konkreten Optrag vun der NATO kritt, dorënner Loftverteidegung an de Rakéitenofwiersystem. 

"Awer och nach e ganze Koup aner Saachen: Dat ass eng mobil fuel Tankstatioun, dat ass en deployabelt Militärspidol, dat sinn och, le moment venu, Kampfdronen, dat si ganz konkreet Ziler, déi mir kruten, esou wéi och aner Länner se kruten. Dat musse mir elo evaluéieren, analyséieren: wéi maache mir dat? Mat wiem maache mir dat? A wéi enger Zäitschinn ass dat iwwerhaapt méiglech? Dat ass dat, wou mir ganz konkreet haut drop schaffen."

Zu der Resilienz opbaue gehéiert och d'Infrastrukturen um neiste Stand ze halen. Deemno kéint beispillsweis en neien Autobunnsbelag och zum Opbaue vun der Widderstandsfäegkeet zu Lëtzebuerg zielen, esou d'Yuriko Backes.

play_arrow Lauschteren