Déi nei Country Head Luxembourg Valérie Massin huet en Iwwerbléck ginn iwwer dat wat ArcelorMittal an de nächste Méint erwaart.
Neien elektreschen Uewen
Et wieren net nëmmen d’Douanestaxen, mee och deenen hir Auswierkungen op den internationalen Handel, déi fir ArcelorMittal en Défi géifen duerstellen erkläert d’Valérie Massin. Doduerch, datt vill Produiten net méi op den amerikanesche Marché kommen, géifen se d’Produiten an Europa concurrencéieren.
Trotz den Erausfuerderunge géif et de Siten zu Lëtzebuerg awer allgemeng gutt goen, esou d’Valérie Massin.
Lux2025
Dat weist och den neien elektreschen Uewen um Belval dee spéitstens Ufank nächst Joer a Betrib geholl soll ginn a 15 Prozent méi wäert produzéiere wéi den aktuellen, esou d’Valérie Massin.
“Une grouse partie de ces productions sont produites aussi en dehors de l'Europe. Avec des coûts de production qui sont bien moindres et qui rentrent en Europe et qui donc viennent concurrencer les produits que Bissen peut offrir dans ce cadre-là. Et d'ailleurs, il n'y a pas de mesures de sauvegarde qui existent au niveau européen pour ces produits-là.”
Wat de Site zu Bissen ugeet wier een a permanentem Kontakt mat de Syndicater an och mam Wirtschaftsministère.
Iwwerdeems wier Bissen och e Sujet an den Diskussiounen doriwwer wat nom Tripartites-Accord iwwer de Stolsecteur Lux2025 kënnt, esou nach d’Cheffin vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, d’Valérie Massin.