arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ADEM: Manner Administratioun, méi personaliséiert Betreiung

Aarbecht

|
headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow

ADEM: Manner Administratioun, méi personaliséiert Betreiung

De Chômagetaux klëmmt, der Wirtschaft geet et net gutt, an ëmmer méi Employeure siche Leit mat KI-Kompetenzen: Turbulent Zäiten also och fir d'ADEM. Déi national Aarbechtsagence ass awer aktuell och selwer amgaange sech nei opzestellen.

headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow
D'Isabelle Schlesser ass d'Direktesch vun der ADEM. | © Jo Diseviscourt
D'Isabelle Schlesser ass d'Direktesch vun der ADEM. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Tendenz iwwer déi lescht Méint weist: De Chômagetaux klëmmt. Zwar net dramatesch, mee awer esou vill, datt et opfält. An d'Directrice vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser, ass och der Meenung, datt dësen Trend virugeet. "Mir sinn an enger relativ stabiller Situatioun. Och de Statec weist keng grouss Evaluatiounen an hire Previsiounen", esou d'Isabelle Schlesser. Et wier also effektiv eng Situatioun, op déi ee sech misst astellen.

Et ginn och net vill nei Aarbechtsplaze geschaf. Wann d'Wirtschaft net matspillt, kann d'ADEM och net vill méi maachen. "Ech soen ëmmer: Mir kënne jo keng Aarbechtsplaze kreéieren", seet d'Directrice vum Aarbechtsamt. Der ADEM hiert Zil wier et dohier ze probéieren, déi Zäit, wou d'Leit am Chômage sinn, optimal ze notzen. D'Chômeure sollen am Idealfall "profitéieren, fir hir Employabilitéit ze verbesseren, esou datt déi Zäit net fir näischt ass."

"Grad jonk Leit brauchen dacks méi Betreiung"

D'ADEM investéiert dofir weider a Formatiounen. Och a Saache Betreiung changéiert d'Situatioun. D'Agente sollen an Zukunft méi Zäit mat de Leit verbréngen. Et wier och genuch Personal do, betount d'Isabelle Schlesser. Déi rezent Opstockung wier och néideg gewiescht.

Konkreet soll awer méi gekuckt ginn, wéi eng Leit wéi vill Betreiung brauchen. Verschidde Clientë wieren autonom a kenne sech um Marché aus. Déi bréichten also net vill Betreiung, erkläert d'Isabelle Schlesser. Anerer - dacks jonk Leit - bréichten dofir ëmsou méi Betreiung.

D'Gesetz géing och genuch Spillraum offréieren, fir dës méi personaliséiert Betreiung ze erlaben. Am Gesetz steet, datt jiddereen, dee Chômage kritt, sech bei der ADEM melle muss, fir op e Rendez-vous ze kommen, oder fir op Offre-d'emploien ze äntweren. D'ADEM-Direktesch erkläert awer, datt d'Gesetz net virgesäit, wéi dacks d'ADEM sech bei de Leit mellt.

Den Impakt vun der KI

D'Profiller, déi vun den Employeure gesicht ginn, evoluéieren och. Stéchwuert Kënschtlech Intelligenz. Bei der ADEM selwer gëtt aktuell vill automatiséiert an digitaliséiert. Net ëmmer mat Hëllef vun der KI, betount d'Isabelle Schlesser, mee et gi manner Leit gebraucht, déi administrativ Aarbechte maachen. Speziell zu Lëtzebuerg waren dës Zort vu Beruffer ëmmer beléift.

Dofir misst ee sech zu Lëtzebuerg awer net méi Suerge maache wéi op anere Plazen, betount d'Isabelle Schlesser. Eng rezent Etüd iwwer den Impakt vun der KI hätt gewisen, datt Lëtzebuerg liicht méi vum Impakt vun der KI betraff ass wéi aner Länner, mee datt awer dowéinst just wéineg Beruffer effektiv ewechfalen. 70 Prozent vun den Tâchë wäerte sech awer wuel änneren.

D'Handwierk bleift wichteg

Wat d'Offre-d'emploie vun der ADEM ugeet géing ee gesinn, datt virun allem eng Beruffsspart däitlech méi Kompetenzen am Beräich vun der KI freet, wéi nach virun e puer Joer: Den IT-Secteur. Aner Secteure wéi zum Beispill d'Medezin oder d'Justiz wieren nach manner betraff, seet d'Isabelle Schlesser.

Si ass ausserdeem der Meenung, datt déi handwierklech Beruffer, "déi no um Bierger sinn", an net esou séier delokaliséiert kënne ginn, wichteg Beruffer fir d'Zukunft sinn. Jonker sollte sech iwwerleeën, op et keng gutt Pist wier an esou e Beruff schaffen ze goen, esou nach d'Isabelle Schlesser.

 

play_arrow Lauschteren