Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Elisabeth Margue: De Code pénal soll nach virum Summer reforméiert ginn

Justiz

Elisabeth Margue: De Code pénal soll nach virum Summer reforméiert ginn

Déi einfach Heescherei gëtt aus dem Code pénal gestrach. Dat huet d’Justizministesch Elisabeth Margue am 100,7-Interview nach eemol confirméiert. Doriwwer eraus soll dësen och bis virum Summer nach reforméiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Justizministerin Elisabeth Margue. (Foto: Jo Diseviscourt)

Déi einfach Heescherei gëtt aus dem Code pénal gestrach. Dës Ausso huet d'Justizministerin Elisabeth Margue haut am 100,7-Interview nach eng Kéier ënnerstrach. Et géif drëm goen, definitiv Kloerheet ze schafen. Fir eenzel Juristen ass déi Dispositioun haut jo schonn de facto net méi a Kraaft.

Elisabeth Margue: Der Police méi Moyene ginn

D’Dispositiounen iwwer déi aggressiv Mendicitéit sollen iwwerdeems preziséiert a moderniséiert ginn. D'CSV-Ministerin huet och ënnerstrach, datt dat, wat d'Regierung eigentlech stéiert, de Mënschenhandel ass.

"Do hu mir Texter iwwer d’Traite des êtres humains wou och de Fakt, een unzestelle fir heeschen ze goen, mat consideréiert gëtt. Deen Text ass u sech méi oder wéineger an der Rei. Dat eenzegt, wat een natierlech muss kucken, ass, datt d'Police och d'Moyene kritt, tatsächlech festzestellen, datt mir a sou enger Situatioun sinn."

Mee duerch wat kann een der Police déi Moyene ginn? D'Elisabeth Margue gëtt hei d'Beispill vun zousätzlechen informatesche Mëttelen, fir d'Handye vun de Leit ze kucken.

Code pénal net méi zäitgeméiss

Den Alinea 6 vum Artikel 563, ëm deen et bei der einfacher Heescherei geet, wäert also verschwannen. Dat nach virum Summer, sou d’Elisabeth Margue, verbonne mat enger méi globaler Reform vum Code pénal, bei där och aner vereelzt Dispositiounen am Text solle moderniséiert ginn. 

"Ech hat awer vu vir era gesot, datt ech dat géing maachen am Kader vu bësse méi enger globaler Reform vum Code pénal. Et ginn eng ganz Rei Artikelen am Code pénal, déi net méi zäitgeméiss sinn."

Et wier ee scho relativ gutt weiderkomm an d'Elisabeth Margue hofft, dës Moderniséierung nach virum Summer kënnen ze maachen.

 

Lauschterenplay_arrow