Radioen

On air

Trendscheif  |  Megan Thee Stallion - COBRA

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng Analys soll klären, ob eng nei Cité Judiciaire gebaut gëtt, oder net

D'Justizministerin erkläert

Eng Analys soll klären, ob eng nei Cité Judiciaire gebaut gëtt, oder net

D’Cité judiciare um Stater Helleggescht-Plateau platzt aus allen Néit. De President vum Ieweschte Geriichtshaff Thierry Hoscheit hat gefuerdert, datt eng nei gebaut gëtt. D’Justizministesch preziséiert, datt fir d’éischt missten déi kuerz- a mëttelfristeg Besoinen erfëllt ginn.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

Dofir géif aktuell gekuckt ginn, fir ronderëm d’Cité judiciaire esou vill wéi méiglech Surfacë fräi ze maachen, sou d'Justizministerin Elisabeth Margue. Ënnert anerem wiere schonn déi al Nationalbibliothéik an d’Nationalarchive fir d’Justiz reservéiert ginn, donieft hätt de Finanzminister gréng Luucht ginn, fir d’Notzung vun engem Gebai vun der Steierverwaltung. Fir déi laangfristeg Entwécklung soll eng Analys gemaach ginn, sou d’Elisabeth Margue.

"An an deem Sënn plange mer schonn eng Bedarfsanalys ze maachen, fir eben dat, wat iwwer zéng, fofzéng Joer rausgeet, fir dann och kënnen eventuell déi néideg Schrëtt ze ënnerhuelen an eng nei Cité judiciaire ze plangen en fonction vun deem, wat erauskënnt."

Et misst een elo ee Schrëtt nom anere maachen. Wann een no der Bedarfsanalys géif feststellen, datt et ee Besoin fir nei Gebailechtkeete gëtt, misst ee jo och mol nach déi néideg Terraine fannen an dat wier an der Stad net esou einfach, sou d‘Elisabeth Margue.

D’Cité judiciaire muss iwweregens an der Stad bleiwen, dat ass esou an der Verfassung verankert.

Speziell Unitéit fir de Gefaangenentransport: Reform u vill Contraintë gebonnen

De Justizministère wier am Dialog mat der Associatioun vun de Giischtercher fir ze kucken, wéi een den Transport vun den Detenue kéint reforméieren, seet d‘Justizministerin. D‘Giischtercher hate rezent vu schwieregen Aarbechtsbedéngunge geschwat an hunn eng speziell Unitéit fir de Gefaangenentransport gefuerdert.

An enger éischter Etapp misst ee kuerzfristeg kucken, wéi een dës Transporter reduzéiere kéint. Et wier ee sech dem Problem bewosst an et wéilt een en och léisen, mee eng laangfristeg Reform wier awer u vill Contraintë gebonnen. Fir d‘éischt missten d‘Gesetzestexter geännert ginn an et misste méi personell Ressourcen zur Verfügung gestallt ginn.

Et misst ee sech och d‘Fro stellen, ob Giischtercher an Zukunft dann dierfen eng Waff bäi sech droen, a wéi eng Rechter si hunn, wann zum Beispill ee Prisonnéier fortleeft, sou d‘Elisabeth Margue.

"... däerfe se bei een an d'Haus eragoen oder net, dat si ganz, ganz aner Froen, déi sech do stellen an dat ass näischt, wat ee vun haut op muer mécht."

A Frankräich hätt een eng grouss Reform gemaach fir déi ee ronn 10 Joer gebraucht hätt an och haut géif de System nach net optimal lafen „soudatt mer elo net eng direkt Léisung gesinn, wou mer kengem kënnen hëllefen haut a muer, wa mer elo déi Reform direkt ufänken".