Et hätt een also ee Puffer fir déi Investissementer an d'Infrastruktur ze maachen, déi néideg ginn, well Hesper bis 2040 staark wuesse wäert, sou d'Diane Adehm. Wann ee Sue fir Infrastrukture géif léine goen, wier dat een Investissement, deen de Bierger vun der ganzer Gemeng géifen zegutt kommen.
"Et ass wéi wann Dir een Haus baut fir selwer dran ze wunnen, dann investéiert Dir jo och eppes. Wann Dir natierlech musst Sue léine goen fir Konsumausgaben ze decken, respektiv hei Paien ze decken, dann huet eng Gemeng definitiv ee Problem. An dee Problem hu mir net, well kréien eis Paie largement mat eise lafenden Einname gedeckt."
Momentan wunne 17.000 Leit an der Hesper Gemeng. Duerch d'Transformatioun vun der ZAK, der Zone d'activité commerciale um Houwald sollen nach 2.000 Awunner bäikommen. 20.000 Awunner am Joer 2040 wier eng realistesch Zuel.
Bis 2035 soll dann och déi nei Kläranlag fäerdeg sinn, déi néideg ginn ass, well Hesper verflicht ass eng véiert Klärstuf anzebaue fir Medikamenter kënnen aus dem Waasser ze filteren. Momentan wieren am aktuelle Schoulgebai um Houwald nach Kapazitéite fir zousätzlech Kanner opzehuelen. Et gëtt awer Pläng fir dee Site bis 2028 nach auszebauen.
Contournement soll Verkéierssituatioun berouegen
D'Diane Adehm hofft, datt den Hesper Contournement bis 2040 fäerdeg gëtt. D'Mobilitéitsministerin hätt versprach, dat enspriechend Finanzéierungsgesetz bis Enn vum Joer an der Chamber ze deposéieren.
D'Traficsituatioun an der Hesper Gemeng ass momentan relativ dramatesch, zumools hu Spëtzestonnen: Aktuell bräicht ee vun der Alzenger Knupp bis bei d'Hesper Kierch bis zu enger hallwer Stonn. Wann zousätzlech een Accident op der Diddelenger Autobunn geschitt, da géif sech d'Situatioun nach weider verschlechteren, well d'Leit dann Nieweweeër fueren an och duerch Hesper fueren. Um Gaasperecher Bierg wieren och déi héchsten NoX-Wäerter aus dem ganze Land.
Situatioun vun der Kanalisatioun um Houwald
Ëmmer wann et vill Reent muss den Olivier Benz fäerten, well hie fäerte muss, dono Waasser am Keller ze hunn. Zënter 1998 wieren hien an anerer mat deem Problem geplot. No deem ville Reen de leschte Sonndeg hu sech 60 Awunner vum Houwald zesumme gedoen, déi bei der Gemeng wëllen intervenéieren, fir datt déin hinnen hëlleft Léisungen ze fannen.
D'Diane Adehm äntwert, datt op der Gemeng just eng Persoun sech nom Héichwaasser de leschte Weekend gemellt hätt an dat wier net d'Persoun aus dem 100,7-Reportage gewiescht. Déi zoustänneg Servicer wieren dunn och op d'Plau gefuer an hätten de Kanal mat enger Kamera iwwerpréift. Beim Hesper CGDIS hätt kee sech gemellt.
D'Hesper Buergermeeschtesch weist drop hinn, datt d'Kanalisatioun zu Hesper an och soss am Land fir déi normal Reequantitéiten ausgeluecht wieren an net fir extrem grouss Quantitéiten.