D'Fondation Partage ass am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht aktiv. 2016 huet se hiren aktuellen Numm kritt. Do virdru war se ënner dem Numm Bridderlech Deele bekannt.
Eng aner Zort vun Aarbecht
Am Kader vun der Caritas-Affär waren déi international Aktivitéite wuel de gréisste Perdant. Déi nei gegrënnten ASBL HUT huet näischt iwwerholl, d'Fondation Partage ass dunn agesprongen. Am 100,7-Interview erkläert d'Denise Richard, datt d'Leit vun der Caritas op si duerkomm wieren.
Well d'Caritas awer éischter am Beräich vun der humanitärer Hëllef aktiv ass, an d'Fondation Partage an deem vun der laangfristeger Kooperatiounsaarbecht, wier ee bei sech an der Organisatioun net gutt opgestallt gewiescht, fir d'Caritas-Projeten ze iwwerhuelen, seet d'Denise Richard.
D'Caritas-Mataarbechter:innen hätten aner Kompetenzen, d'Projete sinn anescht geféiert ginn, an et hätt een och net déi selwecht Reseauen, op déi ee seng Aarbecht baséiere kéint. Villes am Beräich vun der Entwécklungsaarbecht berout op Partner, deenen ee vertraue kann.
D'Fro vun den Donen
D'Personal bei Fondation Partage wier vollstänneg ausgelaascht. Dofir hätt een eng Persoun vun der Caritas iwwerholl. Där hire Salaire gëtt zu engem Deel mat staatlechen Hëllefe finanzéiert, zu engem aneren Deel mat deem, wat un Donen erakënnt.
Wat d'Donateuren ugeet hätt een och geziilt Donateure vun der Caritas kontaktéiert, déi ëmmer humanitär Projeten ënnerstëtzt hunn, an der Hoffnung, si géingen dës Transitioun och finanziell begleeden.
Aktuell héiert ee vu ville karitativen Organisatiounen, datt d’Vertraue vun den Donateuren duerch d'Caritas-Affär gelidden huet. Och d'Denise Richard zielt am 100,7-Interview, datt d'Done just "schleppend" erakéimen.
"Et kéint besser sinn. Eng Rei Leit hu séier reagéiert, mee et bleift an engem iwwerschaubaren Ëmfang."
Et huet een och den Androck, datt grad kathoulesch Organisatiounen - de Jean-Claude Hollerich ass President vum Verwaltungsrot vun der Fondation Partage - u Vertraue verluer hunn.
"Mir hate ganz am Ufank effektiv eng Rei Uriff vun Donateuren, déi gefrot hunn: 'Kann dat do och bei Iech geschéien? Wéi ass dat? Ech weess net, ob ech nach weider Iech ënnerstëtzen.' An dat war awer nëmme ganz am Ufank. Also ech muss soen, duerno, mir hunn eigentlech e ganz, ganz treien Donateurskrees an do hu mir selwer relativ wéineg gespuert."
Projeten an der Ukrain an am Südsudan
D'Fondation Partage ass och op benevole Hëllef ugewisen, och aus dem Ëmkrees vun der fréierer Caritas. Esou steet de Responsabele vun der internationaler Kooperatioun vun der Caritas, de Michael Feit, als benevolle Beroder zur Säit. Ausserdeem ginn d'Prozedure ronderëm d'Gouvernance iwwerschafft.
Am 100,7-Interview nennt d’Denise Richard zwee Projeten, déi ee vun der Caritas iwwerholl huet. Et ass dat ee Projet an der Ukrain, deen de vulnerabele Leit eng Wanterhëllef bidde soll. Konkreet solle Leit an der Regioun Cherson an am Süde vun der Ukrain dat bereetgestallt kréien, wat si brauchen, fir hiert Doheem ze hëtzen.
E weidere Projet ass am Südsudan. Hei geet et ëm d’Aide alimentaire. De Südsudan ass e Land mat extreem ville Konflikter, wou vill Leit deplacéiert ginn. Dës deplacéiert Populatioune solle mat Iesse versuergt ginn. Fir sech awer net just op déi kuerzfristeg Hëllef ze konzentréieren, kréien d'Famillen och Som, fir hiert eegen Iessen unzebauen.
"Mir sprange just an"
D'Denise Richard betount awer, datt all dës Projeten net definitiv vun der Fondation Partage iwwerholl gi sinn. Et wier ee just agesprongen an et wéisst een och net, wéi et an der Caritas-Affär virugoe wäert. Selwer hofft een, datt et d'Caritas-Lëtzebuerg an 2 bis 3 Joer nees wäert ginn, an datt si deen Ament och hir Aktivitéiten nees iwwerhuele kann.
De Moment, wou entscheet ginn ass, datt d’Fondation Partage verschidde Caritas-Projeten iwwerhuele soll, war nach net déi ganz Envergure vun der Affär gewosst. De Moment selwer hätt een d'Réckmeldung kritt, datt et net onméiglech wier, datt d'Caritas nees eng Kéier existéiere kéint, esou d'Denise Richard.
Déi traditionell Aktivitéite vun der Fondation Partage géingen iwwerdeems awer net ënner der zousätzlecher Laascht leiden, betount d'Directrice vun der Organisatioun.