Zwee aktuell EU-Kommissäre spillen am Europawalkampf eng wichteg Roll. D’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass Spëtzekandidatin vun de Konservativen, an de Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit féiert d’europäesch Sozialisten an d’Walen.
Wichteg Rollen déi een net vermësche soll
Mee kann ee Walkampf maachen a gläichzäiteg Kommissär sinn? D’Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, d’Anne Calteux, betount, et wier wichteg déi Rollen net ze vermëschen. Et wier awer och wichteg, eng Kontinuitéit an der Kommissioun ze hunn, well et ee wichtegt Amt mat ville Responsabilitéite wier.
„An dofir wier et och guer net gutt, wann ee Kommissär einfach esou géif ophalen. Dat ass net am Sënn vun Europa.“
Dofir géifen d’Ursula von der Leyen an de Nicolas Schmit och am Walkampf am Amt bleiwen, erkläert d’Anne Calteux. D’Kommissioun hätt awer Reegele festgeluecht un déi si sech an der Walkampf-Zäit mussen halen.
EU-Kommissioun dierft net vun extreme Parteie blockéiert ginn
D’Vertriederin vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg, warnt virun extreme politesche Parteien. Et wier wichteg, datt et och no den Europawalen e “politeschen Equiliber” am EU-Parlament gëtt.
D’EU-Kommissioun kéint hir politesch Propose just viru bréngen, wa se net vun extreme Parteien am Parlament blockéiert ginn, betount d’Anne Calteux.
Europaparlament e wichtege Co-Legislateur
Den europäeschen Entscheedungsprozess wier komplex an et wier net fir jiddereen einfach ze verstoen, wie wat decidéiert.
„Natierlech mussen déi verschidde Meenunge kënnen duergeluecht ginn. All d’Parteie musse kënnen hir Meenunge bréngen.“
En Europaparlament, dat am Sënn vum Europäesche Projet matschafft wier och e wichtege Co-Legislateur.
D’Wieler misste sech bewosst sinn, datt se den Decisiounsprozess op d’Spill setzen, wann se rietsextreme Parteien eng Stëmm ginn, esou d’Anne Calteux.