D'Co-Spëtzekandidatin vun der DP fir d'Europawalen, d'Amela Skenderović, deelt a Saachen Atomkraaft d'Linn vun der Mammepartei, an net déi vun de jonken Demokraten. D’Positioun, déi déi jonk Demokraten a Saachen Atomkraaft ausgeschafft hunn, wier net déi, déi d’DP de Jonke wéilt “schmackhaft maachen”. Dat sot d’Co-Spëtzekandidatin vun der liberaler Regierungspartei fir Europawalen Amela Skenderović, déi selwer Member vun der JDL ass.
Si sot, si selwer géif a Saachen Atomkraaft op der Linn vun der Mammepartei leien. D’JDL schwätzt sech dofir aus, d’Atomkraaft op d'mannst als Bréckentechnologie ze notzen, fir d’Klimaziler ze erreechen.
D’Spëtzt vun der Partei, dorënner den Energieminister Lex Delles, ass dogéint a wëll op erneierbar Energië setzen. D’Amela Skenderović sot am 100,7-Interview och nach, datt et wichteg wier, virun allem déi jonk Wieler dovun ofzehalen op populistesch Inhalter eranzefalen.
D’DP géif mat hirer Lëscht weisen, datt si een oppent Ouer fir déi jonk Generatioun hätt. Där misst een och erklären, datt Lëtzebuerg vill Erausfuerderunge vun der Zäit net ouni d’EU géif packen.
D'Zil sinn zwee Sëtz
D’Amela Skenderović huet kee politescht Mandat, hat awer fir d‘DP bei de Gemengen- an och de Chamberwale vill Stëmme kritt. Den Drock wier am Virfeld vun den Europawalen extrem héich, well et géif ëm vill goen. Bei de leschte Walen hat d‘DP zwee Sëtz kritt, ënnert anerem wéinst dem Succès vum Monica Semedo, déi jo net méi Member vun der DP ass. Dat den 9. Juni ze widderhuele wier d‘Ambitioun, sou d‘Amela Skenderović.
"Et wäert definitiv een Challenge ginn, mee mir hunn eng Ekipp, déi héich motivéiert ass, déi extreem divers ass, déi verschidden Altersgruppen, Hannergrënn, Beruffserfarungen, representéiert, an ech sinn zouversichtlech, datt mir dee Score vun 2019 dëst Joer wäerte consolidéieren."
D'Zil wier et, mindestens zwee Sëtz kënnen ze kréien, esou d'Amela Skenderović.
Riets Rhetoriken an de Klassesäll
Wien also ass d’Amela Skenderovic? Hir Eltere si viru ronn 30 Joer virum Krich am fréiere Jugoslawien op Lëtzebuerg geflücht. Hir Geschicht an d’Theema Migratioun spille fir si eng wichteg Roll. Si beschreift awer och d’Gläichstellung, d’Diversitéit a d’Jugendaarbecht als Är Kärtheemen. Duerch hire Beruff als Englesch-Enseignante ass si vill a Kontakt mat Jonken. An ënnert anerem iwwert dee Wee kritt si och mat, wéi si ticken. An dat bereet hir och mol Kappzerbrieches.
"Mir gesinn uechtert Europa e ganzbesuergneserreegenden Trend, nämlech, dass ëmmer méi Jonker rietswielen, an ëmmer méi Jonkeroch vulnerabel sinn, fir Contenu, déi se op de soziale Medie gesinn."
Och an hire Klassesäll géing hir dat opfalen. Riets Rhetoriken hätte mëttlerweil och de Wee bei d'Schüler fonnt.
"De Jordan Bardella (N. v. d. R.:Europadeputéierte vum franséische Rassemblement national) ass zum Beispill ee Personnage, deem meng Schüler och verfall sinn. An do musse mir dann oppassen, dass mir di Jonk net verléieren."